Hand

Lëtzebuergesch
English
hand
Français
main
Deutsch
Hand
Woordsoort
SUBST F
Meervoud
Hänn

Uitspraak (IPA)

[hɑnt]

Betekenissen en vertalingen

Betekenis 1

Deutsch
Hand
Français
main
English
hand
Português
mão
Nederlands
hand
Spellingvarianten

Alleen door de bron gecontroleerde varianten worden voorgesteld.

  • Hand
  • Hänn

Voorbeeldzinnen

  1. mäi Papp schreift mat der lénkser Hand

    Betekenis: hand

  2. dee Blesséierten ass e Bauer, dee mat der Hand an den Häckseler geroden ass

    Betekenis: hand

  3. ech sinn esou onglécklech gefall, datt ech mer d'Hand gebrach hunn

    Betekenis: hand

  4. d'Hand ass him ausgerëtscht

    spreektaal

    Betekenis: hand

  5. pak mer eng Hand (mat) un!

    spreektaal

    Betekenis: hand

  6. hues de en Äschebecher bei Hand ?

    spreektaal

    Betekenis: hand

  7. ech hu just zwou Hänn !

    spreektaal

    Betekenis: hand

  8. fréier gouf d'Wäsch op der Hand ageseeft

    Betekenis: hand

  9. als Chirurg brauch een eng roueg Hand

    Betekenis: hand

  10. um Konveniat goungen déi al Fotoe vun Hand zu Hand

    Betekenis: hand

  11. d'Police hat deen Owend all Hänn voll ze doen

    Betekenis: hand

  12. dat läit jo op der Hand !

    Betekenis: hand

  13. ech gi mäi Liblingsbuch net gär aus der Hand

    Betekenis: hand

  14. um leschte Kilometer huet de Favorit d'Victoire missen aus der Hand ginn

    Betekenis: hand

  15. eng Hand wäscht déi aner

    Betekenis: hand

  16. et geet alles duerch eisem Direkter seng Hänn

    spreektaal

    Betekenis: hand

  17. de Chef gëtt eis fräi Hand

    spreektaal

    Betekenis: hand

  18. den Hond ass bei eis a gudden Hänn

    Betekenis: hand

  19. d'Aarbecht geet dir gutt vun Hand !

    spreektaal

    Betekenis: hand

  20. hien ass dem Chef seng riets Hand

    spreektaal

    Betekenis: hand

  21. eise Jéngsten huet zwou lénkser Hänn

    spreektaal

    Betekenis: hand

  22. eisen Auto ass aus éischter Hand

    spreektaal

    Betekenis: hand

  23. eisen Auto ass aus zweeter Hand

    spreektaal

    Betekenis: hand

  24. d'Demonstranten hunn sech mat Hänn a Féiss gewiert

    spreektaal

    Betekenis: hand

  25. mäi jéngste Brudder gëtt säi Geld mat béiden Hänn aus

    spreektaal

    Betekenis: hand

  26. dat do ënnerschreiwen ech mat béiden Hänn

    spreektaal

    Betekenis: hand

  27. eis Stagiairë friessen dem Chef aus der Hand

    spreektaal

    Betekenis: hand

  28. mir woussten eiser Hänn kee Rot méi

    spreektaal

    Betekenis: hand

  29. déi Iwwerleeung ass net vun der Hand ze weisen

    spreektaal

    Betekenis: hand

  30. no all deene Jore stoung d'Geschäftsfra mat eidelen Hänn do

    spreektaal

    Betekenis: hand

  31. bei där Entscheedung si mir d'Hänn gebonnen

    spreektaal

    Betekenis: hand

  32. dee jonke Kënschtler lieft vun der Hand an de Mond

    spreektaal

    Betekenis: hand

  33. ech hunn d'Elteren ëm d'Hand vun hirer Duechter gefrot

    Betekenis: hand

  34. meng Mamm huet d'Hänn iwwerem Kapp zesummegeschloen, wéi ech mat enger Glatz vum Coiffer koum

    spreektaal

    Betekenis: hand

  35. ech krut déi vertraulech Informatioun ënner der Hand

    spreektaal

    Betekenis: hand

Bron: ZLS / LOD · juli 2026 · CC0

→