huelen

Lëtzebuergesch
English
to take; to place; to go for a drink; to not be stingy; to not miss the chance (to)
Français
prendre; faire naître; accepter; mettre; digérer; boire un coup; ne pas faire son radin; ne pas laisser passer l'occasion (de)
Deutsch
nehmen; (auf die Welt) holen; annehmen; einnehmen; ergreifen; einstecken; einen heben; sich nicht lumpen lassen; (es) sich nicht nehmen lassen
Woordsoort
VRB
Synoniem
anhuelen; een duuschten; ee pouzen; unhuelen; sech net lompe loossen; ee sippen
Hulpwerkwoord
hunn
Voltooid deelwoord
geholl

Uitspraak (IPA)

[hˈuələn]

Betekenissen en vertalingen

Betekenis 1

Deutsch
nehmen (greifen)
Français
prendre (saisir)
English
to take (to grab, to grasp)
Português
pegar em; tomar (agarrar)
Nederlands
pakken (grijpen)

Betekenis 2

Deutsch
(auf die Welt) holen (ein Kind)
Français
extraire; faire naître (à l'aide d'une intervention médicale)
English
to deliver (to assist in the birth of)
Português
retirar; fazer nascer (por intervenção médica)
Nederlands
halen (een kind geboren doen worden)

Betekenis 3

Deutsch
nehmen; annehmen
Français
prendre; accepter
English
to take (to accept)
Português
tomar; aceitar
Nederlands
nemen; aannemen

Synoniemen

unhuelen

Betekenis 4

Deutsch
nehmen (an eine bestimmte Stelle bringen)
Français
mettre (en un certain endroit)
English
to place (in a certain position)
Português
levar; pôr; colocar (em determinado lugar)
Nederlands
halen (naar een bepaalde plaats)

Betekenis 5

Deutsch
nehmen; einnehmen (Arzneimittel)
Français
prendre (des médicaments)
English
to take (medicine)
Português
tomar (medicamentos)
Nederlands
nemen (innemen, slikken)

Synoniemen

anhuelen

Betekenis 6

Deutsch
nehmen (benutzen, in Anspruch nehmen)
Français
prendre (utiliser, recourir à)
English
to take (to use, to employ)
Português
apanhar; utilizar; recorrer a
Nederlands
nemen (gebruik maken van)

Betekenis 7

Deutsch
treffen; ergreifen
Français
prendre (adopter, mettre en place)
English
to take (measures)
Português
tomar (adotar, levar a efeito)
Nederlands
nemen (maatregelen)

Betekenis 8

Deutsch
nehmen (sich entscheiden für, wählen)
Français
prendre (se décider pour, choisir)
English
to take (to choose)
Português
querer; escolher (decidir-se por)
Nederlands
nemen (kiezen voor)

Betekenis 9

Deutsch
nehmen (überwinden)
Français
prendre (franchir)
English
to take (to negotiate, to cope with)
Português
transpor (atravessar)
Nederlands
nemen (passeren)

Betekenis 10

Deutsch
nehmen (aufnehmen, deuten, betrachten)
Français
prendre (considérer)
English
to take (to consider)
Português
tomar; levar (considerar, interpretar)
Nederlands
nemen (beschouwen)

Betekenis 11

Deutsch
nehmen (sich gönnen, sich einräumen)
Français
prendre (s'offrir, s'accorder)
English
to take (a holiday, time)
Português
gozar; levar (oferecer-se, conceder-se)
Nederlands
nemen (opnemen, de tijd nemen)

Betekenis 12

Deutsch
nehmen (wegnehmen, stehlen)
Français
prendre (voler)
English
to take (to steal)
Português
levar (roubar)
Nederlands
nemen (wegnemen, stelen)

Betekenis 13

Deutsch
nehmen (zulassen, einstellen)
Français
prendre (admettre, embaucher)
English
to take (to admit, to employ)
Português
aceitar (admitir, contratar)
Nederlands
nemen (aanstellen, toelaten)

Synoniemen

unhuelen

Betekenis 14

spreektaal

Deutsch
einstecken (hinnehmen, ertragen)
Français
encaisser; digérer (supporter)
English
to take (to endure)
Português
engolir; digerir (suportar)
Nederlands
incasseren (verdragen, een plaats geven)

Betekenis 15

spreektaal

Deutsch
einen heben
Français
boire un coup
English
to go for a drink
Português
beber um copo
Nederlands
een glas drinken

Synoniemen

een duuschten · ee pouzen · ee sippen

Betekenis 16

spreektaal

Deutsch
sich nicht lumpen lassen
Français
ne pas mégoter; ne pas faire son radin
English
to not be stingy
Português
não ser forreta
Nederlands
zich niet laten kennen (zich royaal tonen)

Synoniemen

sech net lompe loossen

Betekenis 17

spreektaal

Deutsch
(es) sich nicht nehmen lassen
Français
profiter de l'occasion (de); ne pas laisser passer l'occasion (de)
English
to take the opportunity (to); to not miss the chance (to)
Português
aproveitar a oportunidade (para); não deixar passar a oportunidade (de)
Nederlands
van de gelegenheid gebruik maken

Gebruiksnotities

Spellingvarianten

Alleen door de bron gecontroleerde varianten worden voorgesteld.

  • e Patt huelen
  • een huelen
  • geholl
  • héil
  • héilen
  • héils
  • héilt
  • hëls
  • hëlt
  • huel
  • huelen
  • huelt
  • sech (et) net huele loossen
  • sech net huele loossen

Voorbeeldzinnen

  1. huel (der) e Stull, et sinn der genuch do!

    Betekenis 1: pakken

  2. de Papp huet de Bouf mat der Hand geholl

    Betekenis 1: pakken

  3. Puppelcher, déi bei der Gebuert mat der Ventouse geholl ginn , hu meeschtens fir eng Zäit de Kapp verformt

    Betekenis 2: halen

  4. se hunn d'Kand missen huelen , well d'Plazenta sech geléist hat

    Betekenis 2: halen

  5. de Garçon wollt d'Drénkgeld net huelen

    Betekenis 3: nemen; aannemen

  6. huet en déi Plaz geholl oder sicht en nach no enger besserer?

    Betekenis 3: nemen; aannemen

  7. den Automat huet deen zerkniwwelte Parkticket net geholl

    Betekenis 3: nemen; aannemen

  8. de Bauer huet d'Béischte virum Wanter an de Stall geholl

    Betekenis 4: halen

  9. an der Garage hunn se den Auto op de Bock geholl

    Betekenis 4: halen

  10. hie muss all Muere Medikamenter huelen

    Betekenis 5: nemen

  11. mir huelen de Bus fir op Esch

    Betekenis 6: nemen

  12. am Krich gouf de Schiggeri als Ersatz fir de Kaffi geholl

    Betekenis 6: nemen

  13. déi géigneresch Partei huet en aneren Affekot geholl

    Betekenis 6: nemen

  14. déi adequat Mesurë si geholl ginn , fir dat Schlëmmst ze verhënneren

    Betekenis 7: nemen

  15. hinne liichten d'Moossnamen, déi d'Verwaltung geholl huet , glat a guer net an

    Betekenis 7: nemen

  16. wat fir eng Tapéit huelt der?

    Betekenis 8: nemen

  17. wat hëls de als Dessert?

    Betekenis 8: nemen

  18. hien huet déi Fra just wéinst de Sue geholl

    spreektaal

    Betekenis 8: nemen

  19. déi Kéier kanns de net mat 80 huelen !

    Betekenis 9: nemen

  20. de Bouf hëlt dräi Träppleke mateneen

    Betekenis 9: nemen

  21. de Cyclist huet de Bierg mat Liichtegkeet geholl

    Betekenis 9: nemen

  22. dat kann een huelen , wéi ee wëllt

    Betekenis 10: nemen

  23. du däerfs déi Virwërf net eescht huelen !

    Betekenis 10: nemen

  24. ech hunn am Summer dräi Woche Congé geholl

    Betekenis 11: nemen

  25. fir déi Aarbecht musse mer eis e bëssen Zäit huelen

    Betekenis 11: nemen

  26. ech huele mer et haut gutt!

    spreektaal

    Betekenis 11: nemen

  27. pass op, datt keen der däi Portmonni hëlt !

    Betekenis 12: nemen

  28. de Fuuss huet dem Bauer en Hong geholl

    Betekenis 12: nemen

  29. et huet ee mer d'Virfaart geholl

    Betekenis 12: nemen

  30. fir déi Sektioun ginn all Joer nëmmen 20 Kandidate geholl

    Betekenis 13: nemen

  31. mat sengen Diplomer gëtt Äre Jong dach op all Bank geholl !

    Betekenis 13: nemen

  32. hien huet dee Schicksalsschlag nach gutt geholl

    spreektaal

    Betekenis 14: incasseren

  33. gees de no der Aarbecht mat een huelen ?

    spreektaal

    Betekenis 15: een glas drinken

  34. hien huet sech net huele gelooss an zwou Tournéeë ginn

    spreektaal

    Betekenis 16: zich niet laten kennen

  35. an der Versammlung hunn ech mer et net huele gelooss, d'Wuert ze froen

    spreektaal

    Betekenis 17: van de gelegenheid gebruik maken

Werkwoordvervoeging

Infinitief
huelen
Voltooid deelwoord
geholl
Hulpwerkwoord
hunn
Aantonende wijs · Tegenwoordige tijd
ech
huelen
du
hëls
hien / hatt / si
hëlt
mir
huelen
dir
huelt
si
huelen
Aantonende wijs · Voltooid tegenwoordige tijd
ech
hu geholl
du
hues geholl
hien / hatt / si
huet geholl
mir
hu geholl
dir
hutt geholl
si
hu geholl
Aantonende wijs · Voltooid verleden tijd
ech
hat geholl
du
has geholl
hien / hatt / si
hat geholl
mir
hate geholl
dir
hat geholl
si
hate geholl
Voorwaardelijke wijs · presentSimple
ech
héil
du
héils
hien / hatt / si
héil
mir
héilen
dir
héilt
si
héilen
Voorwaardelijke wijs · Tegenwoordige tijd
ech
géif / géing huelen
du
géifs / géings huelen
hien / hatt / si
géif / géing huelen
mir
géifen / géingen huelen
dir
géift / géingt huelen
si
géifen / géingen huelen
Voorwaardelijke wijs · Verleden tijd
ech
hätt geholl
du
häss geholl
hien / hatt / si
hätt geholl
mir
hätte geholl
dir
hätt geholl
si
hätte geholl
Gebiedende wijs · Tegenwoordige tijd
du
huel!
dir
huelt!

Bron: ZLS / LOD · juli 2026 · CC0

→