Gif

Lëtzebuergesch
English
gudgeon; tiddler; half pint; slip of a person
Français
goujon; petit poisson; gringalet
Deutsch
Gründling; kleiner Fisch; halbe Portion; schmächtiger Mensch

Bedeitungen an Iwwersetzungen

Bedeitung 1

Deutsch
Gründling (Tier)
Français
goujon (animal)
English
gudgeon (animal)
Português
góbio (animal)
Nederlands
riviergrondel (vis)

Synonymer

Goujon

Bedeitung 2

Deutsch
kleiner Fisch
Français
petit poisson
English
tiddler
Português
pequeno peixe
Nederlands
visje

Bedeitung 3

Deutsch
halbe Portion; schmächtiger Mensch
Français
gringalet
English
half pint; slip of a person
Português
magricela
Nederlands
mager scharminkel; schrielhannes (onooglijk ventje)

Synonymer

Spréif · Sprenz

Schreifvarianten

Nëmme vun der Quell kontrolléiert Variante gi virgeschloen.

  • Gif
  • Gifen

Beispillsätz

  1. de Gif gëtt dacks un d'Aangel gemaach, fir op den Hiecht ze goen

    Bedeitung 1: goujon

  2. léiwer e Gif an der Pan ewéi en Hiecht am Weier

    Bedeitung 1: goujon

  3. fänk emol en uerdentleche Fësch, amplaz esou en aarmséilege Gif !

    Bedeitung 2: petit poisson

  4. hien ass nëmmen esou e Gif a seng Schwëster ass eent ewéi en Haus

    Bedeitung 3: gringalet

Quell: ZLS / LOD · Juli 2026 · CC0

Zeréck an den Dictionnaire →