Lëtzebuergesch
Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch
Lëtzebuergesch ass d'Nationalsprooch an eng vun den dräi offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg. D’Sprooch kombinéiert Muselfränkesch Sproochstrukturen a franséische Vocabulaire. Am leschte Joerhonnert war d'Lëtzebuergescht haaptsächlech eng geschwat Sprooch an eréischt 1984 gouf d'Lëtzebuergescht Nationalsprooch an ass zënterhier nieft Däitsch a Franséisch déi éischt offiziell Sprooch zu Lëtzebuerg. D'Schreifweis gouf fir d'lescht am Joer 2019 reforméiert. 2018 gouf den ZLS gegrënnt, deem seng Aufgab ass d’Lëtzebuerger Sprooch ze förderen an ze standardiséieren.
Sozial Aspekter
D’Lëtzebuerger Sprooch ass e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Identitéit. E Lëtzebuerger Kand léiert et als Mammesprooch, ier et spéider Däitsch, Franséisch an Englesch an der Schoul léiert. Aus historesche Grënn ass Lëtzebuergesch fir vill Lëtzebuerger e Symbol vun der kultureller a politescher Onofhängegkeet vun hirem Staat.