LuxVocabulary

Uleedung

Hannergrond

LuxVocabulary benotzt Inhalter vum Lëtzebuerger Online Wierderbuch (LOD). Luxvocabulary ass net nëmmen eng Websäit, mee eng Webapplikatioun mat enger Datebank déi Äre Léierfortschrëtt verfollegt. De Léierinhalt ass a Kapitelen opgedeelt. D'Kapitele bidden Toun Beispiller a Léierspiller. Wann Dir eng richteg Äntwert fonnt hutt, ginn d'Froen net méi widderholl ausser wann Dir decidéiert dat ganzt Kapitel ze widderhuelen.

Véiersproocheg

LuxVocabulary ass véiersproocheg. D'Auswiel vun enger Sprooch am Menü setzt des Sprooch fest fir duerno am LuxVocabulary ze surfen.

Sichen am Wierderbuch

Dat véiersproochegt Sichinstrument ass iwwer d'Vergréisserungsglas zougänglech. Wann Dir no engem Wuertdeel sicht, weisen d'Resultater all Treffer wou dëse Wuertdeel an enger vun de véier Sproochen fonnt gouf déi LuxVocabulary ënnerstëtzt. D'Resultater sinn alphabetesch no hirer lëtzebuerger Iwwersetzung sortéiert. Dëst Sichinstrument kann benotzt ginn ouni e Kont ze kreéieren.

Haaptmenu

Den Haaptmenü ënner dem Vergréisserungsglas erlaabt registréierte Benotzer tëscht der Startsäit, enger Lëscht vu verfügbare Léierkapitelen, an den entspriechenden Exercicen ze surfen.

Kapitelen

All Kapitel weist kontextspezifesch Wierder an Toun Beispiller.

Wann de Vocabulaire geléiert ass, kënnt Dir Iech selwer testen andeems Dir d'Übungen iwwer den Haaptmenü oder de roude Knäppchen um Enn vun der Kapitel Säit start:

Schléisst Kapitelen of andeems Dir Übungen léist

An den Orthographie-Übungen kënnt Dir déi integréiert Tastatur benotzen fir de Gebrauch vu speziellen Zeechen ze vereinfachen. Dës Tastatur enthält nëmmen déi erfuerderlech Zeechen an erlaabt de leschte Buschtaf am Fall vun Tippfeeler ze läschen:

Dir kritt matgedeelt wann Dir e Kapitel ofgeschloss hutt an Dir hutt Méiglechkeet fir Kapitelen ze widderhuelen oder op dat nächst Kapitel ze sprangen.

Fänkt gratis un

Elo ass et Zäit unzefänken ze üben, well nëmmen Übung mécht perfekt. Registréier Dech. Material fir vill Stonnen ass komplett gratis. D'Registréierung erlaabt Är Léier Fortschrëtter ze verfollegen an ass gratis. Den niddrege Präiss fir de ganzen Inhalt ze bezuelen erlaabt dës privat Websäit weider z'entwéckelen an d'Serverkäschten ze decken. Dir kënnt dëst gären als Spend betruechten.

Dat ganzt Wierderbuch lueden
Lions LuxVocabulary